Luc HoltzWéi wäit ass ee mam neie nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or?

Franky Hippert
En Donneschdeg ass emol nees eng Visitt fir d'Press virgesinn. De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer war virun enger décker Woch an der neier Enceinte.

D’Begeeschterung war grouss. Den FLF-Nationaltrainer hofft och nach ëmmer, datt een nach deen een oder anere Match am Hierscht kéint am neie Stadion spillen. De Luc Holtz weess awer och, datt elo an de leschte Woche Saachen goufen, déi méi wichteg waren:

Déi éischt Suerg, déi mer haten, war sanitärer Natur. Ech hoffen, datt mer esou séier wéi méiglech kënnen do spillen. Ech hunn elo virun enger décker Woch de Stadion nach emol gesinn. Ech muss soen, et ass e klengt Schmuckkästchen. Ech ka verstoen, datt mer lo aner Problemer haten. An wa mer eis bis 2021 musse gedëllegen, da maache mer. Mäin éischt Uleies ass, datt mer elo mol nees e Futtballmatch kënne spillen, ob dat elo am Josy Barthel ass oder am neie Stadion ass zweetrangeg.

De Luc Holtz iwwer neie Stadion/Reportage Franky Hippert

D’Sëtzer am neie Stadion solle schonn esouwäit all installéiert sinn. Eisen Informatiounen no sinn déi iewescht Reie rout, déi an der Mëtt wäiss, an déi ënnescht blo. Et soll deemno e Bild vum Rout-Wäiss-Bloe Fändel sinn, dee sech liicht beweegt.

Wéini dann domat gerechent gëtt, datt deen 1. Match am neie Futtball- a Rugbystadion gespillt ka ginn, misst ee jo dann en Donneschdeg gewuer ginn. Am Ufank vum Projet war esouguer dovu geschwat ginn, datt de Stadion Enn 2018 Ufank 2019 sollt fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO