
Dräi Deeg no hirer Victoire zu Ostrava an der Tschechescher Republik huet d’Patrizia van der Weken och beim Meeting zu Karlsruhe an Däitschland d’Course iwwer 60 Meter gewonnen.
D’Lëtzebuergerin ass e Freideg den Owend e Chrono vu 7,13 Sekonne gelaf. Domadder ass si 6 Honnertstel iwwer hirem nationale Rekord bliwwen.
Op d’Plazen 2 an 3 sinn d’Franséisin Gémima Joseph (7,15 Sekonnen) an d’Schwäizerin Géraldine Frey (7,16 Sekonnen) gelaf.