BundesligaWerder Bremen verléiert a fält an déi 2. Bundesliga

RTL Lëtzebuerg
Bielefeld séchert sech mat engem 2:0 géint Stuttgart de Maintien an der Bundesliga a Köln spillt d'Relegatioun.
© AFP (archiv)

Um leschten a 34. Spilldag an der Bundesliga gouf et nach vill Spannung wat den Ofstig ugeet. Bielefeld, Bremen a Köln hu sech nach drëm gestridden, wien direkt eroffält, an d’Relegatioun muss oder de Maintien an der Bundesliga packt.

Werder Bremen hat doheem Mönchengladbach zu Gaascht an hat mat enger schlechter Leeschtung keng Chance. Och den Trainerwiessel nom leschte Match huet keng Wierkung gewisen. Nodeems se tëschenduerch mat 0:4 am Réckstand waren, koumen se zwar nach eng Kéier bis op 2:4 erun, mee fir méi sollt et net méi duergoen. Domadder steigt Werder Bremen an déi 2. Bundesliga of.

Den 1. FC Köln krut et mat Schalke ze dinn, déi jo scho virun dësem Spilldag ofgestige waren. Sou hate si eigentlech déi einfachst Aufgab, mee hu sech awer ganz schwéier gedoen géint eng Ekipp, déi sech trotz allem net einfach esou wollt geschloe ginn. An der 86. Minutt ass Köln awer nach den 1:0 duerch de Bornauw gelongen a spillt soumat an der Relegatioun géint den 3. aus der 2. Bundesliga.

Bielefeld huet missen op Stuttgart reesen an hu sech vun der ugespaanter Situatioun onbeandrockt gewisen. De Club mam klengste Budget vun der Bundesliga huet säi Match souverän gespillt a konnt duerch Goler vum Klos an Doan mat 2:0 gewannen. Duerch dës Victoire bleiwe si der Bundesliga erhalen. Dëst ass e groussen Erfolleg fir d’Ekipp vum Frank Kramer.

Mat 78 Punkte gewënnt Bayern München um Enn de Meeschtertitel. Fir d’Champions League konnte sech den RB Leipzig, Borussia Dortmund an de VFL Wolfsburg qualifizéieren. Eintracht Frankfurt a Bayer Leverkusen hu sech fir d’Europa League qualifizéiert an Union Berlin séchert sech mat enger 2:1-Victoire géint RB Leipzig eng Plaz an de Playoffs vun der nei agefouerter Conference League.

Mat sengem 41. Gol huet de Robert Lewandowski vu Bayern München de legendäre Rekord vum Gerd Müller vun de meeschte Goler an enger Saison geknackt.

34. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO