
D’Fola steet aktuell un der Tabellespëtzt an huet et e Sonndeg an der Partie op der Grenz bei der Jeunesse Esch selwer an der Hand, fir sech de Championstitel ze sécheren. Hesper steet den Ament op der zweeter Plaz, dat punktgläich mat der Fola, mä engem méi schlechte Golverhältnis. De Swift muss beim FCD03 untrieden. An dann huet och nach den F91 Diddeleng Chancen op den Titel. Den F91 huet zwee Punkte Retard op den Duo un der Spëtzt a spillt e Sonndeg géint den RM Hamm Benfica.
Spannend ass et awer och nach ëm déi 4. Plaz. De Racing huet op der 4 ee Punkt Virsprong op de Progrès Nidderkuer. Béid Ekippe spillen um leschte Spilldag géinteneen.