
Déi allermannst hätten den Dänen zougetraut, fir iwwerhaapt bis an den Tour vun de leschte 4 ze kommen. Anescht gesäit et fir d’Englänner aus. Déi huet ee mussen op der Rechnung hunn. D’"Three Lions” hu sech awer bis an d’Véierelsfinall relativ schwéier gedoen. Géint d’Ukrain gouf et awer ee kloren a verdéngte 4:0-Succès. Fir de fréieren Trainer vum Racing an Dänemark-Fan Patrick Grettnich hunn d’Englänner um Pabeier eng Ekipp, déi d’Potenzial huet fir Europameeschter ze ginn.
“Vun allen Ekippen op dëser EM hunn d’Englänner am offensiv Secteur an der Breed déi beschte Spiller. Lues a lues kënnt d’Maschinn och op Touren. Et war haaptsächlech an de Gruppematcher, wou hire Starspiller Harry Kane net getraff huet. Géint Däitschland ass de Knuet geplatzt. An elo géint d’Ukrain och nees zwee Goler gemaach. Do dernieft ee Sterling, dee vun Ufank u present war. An dann déi Mass vun offensiv Spiller, déi do ass. Sief et Moun, Sancho a.s.w.”
Och wann d’Englänner um Pabeier d’Favoritte sinn, rechent de Patrick Grettnich sech awer och fir d’Däne Chancen aus.
“Och wann et am Wembley een Heemspill ass, fir d’Englänner ass et eng Halleffinall. Et wäert sécher Drock bei den Englänner sinn. Dofir gesinn ech d’Chancen awer 50/50. Eng Halleffinall bass de just nach ee Schratt virun der Finall an ech mengen do kënne Klengegkeeten de Match entscheeden.”
De Match tëscht den Englänner an den Däne gëtt um 21 Auer ugepaff a bei eis um Radio verpasst Dir kee Gol.
