Bis 2029 bei Benfica Lissabon?Wiessel vum Leandro Barreiro gëtt ëmmer méi konkret

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball gëtt de Wiessel vum Leandro Barreiro bei Benfica Lissabon ganz konkret.

Ugangs Januar hate mir schonns gemellt, datt béid Säiten a ganz seriöe Gespréicher wieren. Elo soll ee sech iwwert ee Kontrakt vu 5 Joer bis 2029 eens sinn.

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller spillt dës Saison nach fir Mainz a säi Kontrakt leeft um Enn vun dëser Saison aus.

Deemno géif de Barreiro am Summer op Lissabon bei Benfica wiesselen, dat mellen ënnert anerem portugisesch Medien.

Back to Top
CIM LOGO