
Ufank Dezember sollt d’Lëtzebuerger Dammenhandball-Nationalekipp an der éischter Phas vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft untrieden. Déi europäesch Handballfederatioun huet dës Matcher, déi a Form vun engem Tournoi sollte gespillt ginn, elo ofgesot.
Een neie Rendez-vous steet nach net genee fest, ma et kéint sinn, datt d’Matcher tëscht dem 19. an dem 21. Mäerz gespillt ginn.
