Ralph Schon"Wolz huet mir e Projet virgestallt, dee Kapp a Schwanz huet"

RTL Lëtzebuerg
Zanter e puer Deeg ass jo kloer, datt de Ralph Schon, Golkipper vun der Nationalekipp, vu Stroossen op Wolz wiesselt.
© pressphoto (Archiv)

De Lëtzebuerger Nationalgolkipp geet deemno bei d’Ekipp aus dem Norden, déi an der neier Saison wäert an der Nationaldivisioun spillen.

De Ralph Schon iwwer säi Wiessel / Rep. Jeff Kettenmeyer

Déi lescht 4 Joer huet de Ralph Schon zu Stroossen gespillt. Den 30 Joer ale Nationalgolkipp ass allerdéngs zu Wolz gebuer a schafft och aktuell do als Schoulmeeschter. Deemno huet de Wiessel net nëmme sportlech, mä och praktesch Grënn.

Den Haaptgrond ass am Fong wéinst der Distanz. Fir ëmmer zwou Stonnen den Dag ze fuere fir op den Training, huet mir vill Zäit geholl. Et war zwar ni ee Problem 3 Joer laang, mä dës Saison hunn ech mech awer selwer driwwer beschwéiert. Ech sinn um 5 Auer gefuer a war no 10 Auer nees heiheem, an dat huet eebe vill Zäit an Usproch geholl.

Wolz spillt an der neier Saison nees an der BGL Ligue. De Veräin aus der Éierepromotioun ass nom Ofbroch vum Championnat zesumme mat Hesper opgestigen.

Fir de Ralph Schon ass et wichteg, weider kënnen um ieweschte Lëtzebuerger Niveau ze spillen.

Ech wousst déi lescht Jore vun hirem Interessi, well si ganz gäre wëllen mat Spiller aus der Regioun spillen. Si hu mir hire Projet du virgestallt, hire ganz Komplex gewisen an dat hat fir mech Kapp a Schwanz. De Veräin ass gutt gefouert, mat engem kloren Zil, och fir elo an Zukunft an der BGL Ligue gesinn ech, datt mir eng Ekipp hunnm, déi konkurrenzfäeg ass, an dat huet mech iwwerzeegt, dee Schratt ze maachen.

Am RTL Interview sot de Ralph Schon och nach, datt et wuel ee Kritär gewiescht wier, fir BGL Ligue ze spillen, allerdéngs hätt hie sech deemno wéi och nach eng Saison an der Éierepromotioun kënne virstellen. Sou wéi et awer elo gelaf ass, wier et virdeelhaft fir jiddereen.

Back to Top
CIM LOGO