
Ouni ze spillen huet Zolwer e Mëttwoch den Owend den Opstig an d’LBBL perfekt gemaach. Duerch d'86:50-Victoire vun der Sparta géint de Racing, kënnen déi Stater Zolwer an der Tabell net méi iwwerhuelen.
Nëmmen 2 Wochen nodeems sech Zolwer d’FLBB-Coupe geséchert huet, kann een elo nach eng Kéier feieren.
LBBL
Am 2. Tour vun der Qualifikatioun an der LBBL waren e Mëttwoch den Owend zwee Nodrosmatcher (1. Spilldag a 4. Spilldag). Den T71 Diddeleng huet sech mat 67:61 géint de Basket Esch behaapt an d’Résidence war dem Gréngewald mat 74:64 iwwerleeën.