De Gérard Kraus, deen de Presidenteposte soll iwwerhuelen, ass ob allen Fall houfreg, dass och an Zukunft an der Gemeng Käl weiderhin Basket gespillt gëtt.
Et hate sech effektiv vill Leit an d’Schongfabrick deplacéiert, fir als aller éischt emol eppes iwwert déi aktuell Situatioun vum Basketveräin Red Miners Käldall gewuer ze ginn, well de Comité bekanntlech inexistent ass. An d’Leit wollte matdiskutéieren, wéi et weidergeet. De Buergermeeschter John Lorent wollt awer net iwwert d’Konsequenze vun dem Schmu, dee bedriwwe gouf, diskutéieren, well dat wier an der aktueller Situatioun net dat Wichtegst.
An der Versammlung ass een duerch Wuertmeldungen ënnert anerem gewuer ginn, dass zum Beispill kee méi eng aktiv Memberskaart hätt a soumat och keng Versécherung gräift an och keng Generalversammlung kann aberuff ginn. Dass de leschte Rapport vun enger Versammlung den 22. August 2017 redigéiert gouf an dass de Veräin tëscht 6.000 a 7.000 Euro Scholde vis-à-vis vun der FLBB hätt an an an ... Soumat wier et besser, nees bei Null unzefänken.
Virun engem Mount war een nach der Meenung, dass een de Club rette kéint, mä och dës Iddi gouf elo ad acta geluecht. Op enger Lescht hu sech nämlech 42 Leit ugemellt, fir an Zukunft an deem neie Veräin eng Hand mat unzepaken, dovunner 6 Membere fir de Comité directeur.
Ob de Käler Basketveräin awer weiderhin ënnert dem Numm vun den Red Miners spillt oder net, ass nach net decidéiert. Et leeft awer drop eraus, dass et och do en neien Numm gëtt.
Liest méi zu de Problemer vum Veräin an eisem Artikel.
RTL.lu - Aus dem Championnat zeréckgezunn: Basket Kayldall: Wéi geet et mam Veräin weider?
