
Domat komplettéieren déi zwee 1,98 Meter grouss US-Amerikaner de Kader vun de Fielsser. De 25 Joer ale Steven Julian kënnt vun der Cornell University an huet duerno fir Sangalhos a Portugal gespillt.

De Jamison Overton ass vun de Utah Valley Wolverines an d’Fiels gewiesselt an huet do virdru fir d’Weber State University gespillt.

Weider Zougäng fir d’Arantia Larochette sinn de Laurent Majerus an de Mykolas Maindron.
D’Fielsser hunn ausserdeem matgedeelt, dass se sech vun hiren zwee aneren Non-JICL-Spiller, dem Tyrell Sturdivant an dem Duane Johnson, trenne wäerten.
Och de Sam Ferreira verléisst d’Arantia a wiesselt op Mamer.