Bei de Lëtzebuerger haten déi Zwee et bis an d’Halleffinall gepackt, goufen awer hei eliminéiert. Esou konnte sech de Sekou Coulibaly an de Juchno Jakub eng Bronzemedail erkämpfen.
Bei den Hären huet Däitschland bei dësem Turnéier am Beschten ofgeschnidden, dat mat zwee Mol Gold, ee Mol Sëlwer a fënnef Mol Bronz. Och bei den Damme gouf et 9 Medaile fir eis Noperen, dat ee Mol Gold a véier Mol Sëlwer a Bronz. Bei den Dammen hunn awer d’Chinesinne mat dräi Goldmedailen déi meeschte Plazen uewen um Podium besat. Bei den Hären haten nieft den Däitschen och d’Brasilianer zwee Mol Gold gewonnen.