Zu KaiserslauternZwou Figure vum "Elf-Freunde-Zirkel" gekäppt

RTL Lëtzebuerg
Knapp véier Woche virum Derby FCK géint Waldhof Manneheim goufen zu Kaiserslautern zwou symbolkräfteg Figure gekäppt an anerer mat bloer Faarf beschmiert.
© SWR Sport

Wéi den SWR mellt, huet sech d’Police vu Kaiserslautern der Saach ugeholl - et geet een dovunner aus, datt d’Käppe vun de Figuren, matzen am Zentrum vun der Stad, an Zesummenhang mat dem Match tëscht 1. FCK an dem SV Waldhof Mannheim passéiert sinn.

Waldhof Mannheim, de Veräin vum Lëtzebuerger Stiermer Maurice Deville, a Kaiserslautern, de Klub vum Investisseur Flavio Becca, verbënnt eng déif Ofneigung. D’Parite den 1. September ass dann och als Héichrisikomatch agestuuft an et gi sech Ausschreidungen erwaart.

Back to Top
CIM LOGO