Ronn 4.000 Participanten hate sech fir déi 50. Editioun vum Walfer Vollekslaf ageschriwwen. Dorënner och 1.300 Studente beim Challenge Marc Savic, dee vu Joer zu Joer wiisst, an 1.200 Aschreiwunge beim Kannerlaf.
Fir de ronne Gebuertsdag gouf e Promislaf organiséiert, mat virop der Sportsministesch Martine Hansen an dem Inneminister Léon Gloden. Och de Michel Knepper, deen dëst Joer als Walfy designéiert gouf, war dobäi an ass knapp hannert dem Minister Gloden an net allze wäit virun der Sportsministesch ukomm.
Bei den Erwuessenen, déi 5,5 Kilometer zeréckgeluecht hunn, goufen et Victoirë fir d'Jenny Gloden, déi aktuell de Frankfurt Marathon virbereet, an den Eritreeër Alexander Tesfay. De Jonas Kinde stoung net wéi an de leschte Jore gewinnt ganz uewen um Träppchen, mee gouf Zweeten hannert dem Tesfay.
Ënner anerem hunn och déi jonk Maxine Liebens-Thein, déi een nom aneren national Rekorder brécht, an den Triathlon-Europameeschter bei de Juniore Sebastien Ziekman an hire Kategorië gewonnen.