Taekwondo German Open G1 zu Hamburg5. Plaz fir de Sekou Coulibaly, Lëtzebuerger Goldmedail bei de Cadeten

Jeff Birsens
Bei den German Open G1 zu Hamburg gouf et fir Lëtzebuerg de Weekend zwou Medaile bei de Junioren a Cadeten an eng gutt 5. Plaz bei de Senioren.
Eng Goldmedail fir Lëtzebuerg huet dobäi um éischte Competitiounsdag e Samschdeg de Liam Szöllösy bei de Cadete gewonnen.
© Domingos Oliveira

De Weekend war déi Lëtzebuerger Taekwondo-Federatioun mat hiren Athleete bei den German Open G1 zu Hamburg am Asaz.

Eng Goldmedail fir Lëtzebuerg huet dobäi um éischte Competitiounsdag e Samschdeg de Liam Szöllösy bei de Cadete gewonnen. A senger Kategorie mat 12 Kämpfer stoung hien um Enn an der Finall géint de Cian Hayden aus Irland, wou et no engem enke Kampf d'Victoire fir de jonke Szöllösy war.

Eng weider Medail gouf et da bei de Junioren, wou de Luca Wünsch sech Bronze séchere konnt. A senger Kategorie waren um Samschdeg 15 Kämpfer ugetrueden, an der 1/2-Finall gouf et da fir de kierperlech liicht ugeschloene Lëtzebuerger eng Defaite géint de Belsch Ayoup Skiker. Am Kampf ëm Plaz Dräi huet sech de Luca Wünsch dann awer nach mat der Bronzemedail belount.

E Sonndeg war et dann un de Senioren, wou fir de Sekou Coulibaly eng staark 5. Plaz erausgesprongen ass. An der Kategorie bis 68kg hat sech de Lëtzebuerger bis an d'1/4-Finalle gekämpft, wou hien dann awer wéinst enger Blessur aus dem Match virdrun net méi untriede konnt.

Bei de Seniore vun den Damme war den Turnéier e Sonndeg fir d'Isabelle Faber duerch eng Defaite schonn nom éischte Match eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO