Wéi d’Annonce koum, dass de Chris Rodesch géif feelen, war gewosst, dass et nach méi schwiereg géif ginn, dëse Match ze gewannen. D’Auslousung huet zousätzlech erginn, dass de Louis Van Herck, d’Nummer 1.700 vun der Welt, géint d’Nummer 60, de Fabian Marozsan, misst untrieden.
Am Ufank war him verständlecherweis eng gewëssen Nervositéit unzemierken. Wéi déi awer bis ofgeluecht war, war et en Duell op Aenhéicht an déi 1.640 Plazen Ënnerscheed an der Weltranglëscht waren net ze spieren. Och wann um Enn kee Sazgewënn erausgesprongen ass an de Louis Van Herck mat 4:6 a 4:6 verluer huet, konnt de Roude Léiw houfreg op seng Leeschtung sinn.
„Ech hunn ëmmer vun esou Momenter gedreemt, an elo selwer esou e Moment erliewen ze kënnen, ass schwiereg ze beschreiwen. Och wann et eng Defaite ass, wier et natierlech net ganz realistesch gewiescht, géint en Top-100-Spiller op eng Victoire ze hoffen. Mee datt ech him e richtege Kampf konnt liwweren an e Moment schafe konnt, an deem et Hoffnung gouf, mécht mech houfreg. Ech hoffen, datt och d'Ekipp houfreg dorop ass.“
Du war et um "Mr. Davis Cup", fir den zweeten Eenzel ze spillen. Den Alex Knaff huet an de leschte Partië gewisen, dass him dës Matcher leien an dass hien déi speziell Atmosphär brauch, fir säi beschten Tennis ofzeruffen. Och wann dat gegléckt wier, wier et awer schwiereg ginn, géint de Spiller op der anerer Säit ze gewannen. Den Alex Knaff krut den Zsombor Piros einfach net un d'Wackelen. No engem 6:4 a 6:0 louch Ungarn mat 2:0 am Avantage.
Den Dubbel sollt e Samschdeg de Mëtteg d’Decisioun bréngen. Der FLT-Ekipp war unzemierken, dass de Raphael Calzi an den Alex Knaff zanter engem Joer kee Match méi zesumme gespillt haten. Dat war och ee Grond, wisou den éischte Saz no knapp 24 Minutte mat 6:1 un Ungarn goung. Am Zweeten hu sech béid Spiller awer gesteigert an am Tiebreak huet e Sazgewënn an der Loft gehaangen. Ungarn huet hei awer näischt ubrenne gelooss, fir och dëse Saz ze gewannen an de Renconter ze decidéieren.
De Raphael Calzi: “Direkt am Ufank vum zweete Saz hu mer besser gestart an duerno ware mer ëmmer um nämmlechten Niveau. Och bei sechs fënnef, wou mer vir waren, hätte mer e bëssen Tensioun gespuert bei deenen aneren, mee et ass jo schued, dass mer am Schluss de Saz net konnte gewannen, mee ech sinn awer zefridde mam zweete Saz allgemeng.”
Emotional gouf et dunn nom Dubbel. Den Alex Knaff hat virun dëser Davis-Cup Partie annoncéiert, als Nationalspiller opzehalen a gouf fir seng Verdéngschter geéiert.
Och wann elo e Pilier vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ewechfält, ass et dem FLT-President net baang ëm d’Zukunft vun der Ekipp.
De Claude Lamberty: "Mir hu jonk Talenter hannendrun, de Chris Rodesch, deen ass jo och nach jonk, also et ass net, dass mer eis do misste Suerge maachen, dass deen ophält. Dat heescht, ech sinn eigentlech fir d'Nationalekipp, fir d'Davis-Cup-Ekipp optimistesch, och wann ech gesinn, an dann huelen ech dem Gilles Müller seng aner Kap, déi en elo säit August huet, wou e jo dann och d'Responsabilitéit iwwert den Haut-Niveau an der Talentfërderung iwwerholl huet an der Lëtzebuerger Tennisfederatioun. Dat heescht, mir ginn e Schrëtt weider, mir kucken dat Ganzt besser nach ze vernetzen."
An der nächster Davis-Cup Partie spillt Lëtzebuerg géint den Ofstig am Weltgrupp 1. De Géigner gëtt deemnächst an engem Tirage ermëttelt.