Et gehéiert zur Traditioun, dass d'Éierung eng éischte Kéier um Gala vun der Sportspress geschitt an eng zweete Kéier an de Raimlechkeete vun Sponser.
Unerkennunge sinn fir d'Ambassadrice vum Lëtzebuerger Sport wichteg, well Unerkennung an Ënnerstëtzung ginn et och duerch den Applaus. Dat hätt een op der Diamond League zu Bréissel gutt gespuert, wou ganz Busser mat Supporter ugereest waren.
Mat der Ultimate virun enger Woch zu Budapest, enger Zort inoffizieller Weltmeeschterschaft, goufen och emol eng Kéier zolidd Präisgelder ausbezuelt, déi zwar nach net mat verschidden anere Sportaarte konkurréiere kënnen. Ëmmerhin 150.000 Dollar gouf et fir de Gewënner.
Dës Saison huet d'Sprinterin vum CAPA Ettlebréck déi bescht Europäerinnen all op d'mannst eemol geschloen, den Ecart zu den Amerikanerinnen an de Jamaikanerinne bleift awer nach grouss.
Dat kléngt no engem spannenden nächste Joer.