
Op enger Pressekonferenz am "Roten Rathaus" hunn déi Responsabel ronderëm den Nach-Buergermeeschter Kai Wegner matgedeelt, dass Berlin seng Kandidatur fir d'Olympesch Summerspiller 2036, 2040 an 2044 zréckgezunn huet. Wann e Samschdeg zu Baden-Baden driwwer entscheet gëtt, wien déi offiziell Kandidatur aus Däitschland fir d'Ausriichte vun deene Spiller wäert ofginn, wäerte just nach München a Köln/Rhein-Ruhr an der Course sinn.
De Wegner sot op der Pressekonferenz, et wier en trauregen Dag fir Berlin. Olympesch Spiller a Paralympesch Spiller wieren eng riseg Chance gewiescht fir d'Haaptstad, fir Ostdäitschland a fir déi nächst Generatiounen.

D'Demande vu Berlin hat scho länger ënnert engem schlechte Stär gestanen. Et war kee Referendum gemaach ginn, et hat sech eng staark "NOlympia"-Beweegung forméiert a vu politescher Säit war zanter leschtem Sonndeg keng grouss Ënnerstëtzung méi z'erwaarden. D'Elif Eralp, Spëtzekandidatin vun Die Linke, déi warscheinlech nei Buergermeeschtesch vun der däitscher Haaptstad wäert ginn, hat no hirer Victoire bei de Walen däitlech gemaach, dass si net fir déi olympesch Pläng wier. Berlin bräicht an anere Beräicher méi dréngend Geld.
Dobäi koum du leschten Dënschdeg och nach de Rapport vun der zoustänneger Evaluéierungskommissioun, an där d'Campagne vu Berlin kloer hannert den aneren zwou Kandidature geleeën huet. D'Sportsenatorin Iris Spanger huet dozou bemierkt, datt een "Infrastruktur kéint opbauen, international Wierkung no baussen dogéint net".
Am Kurhaus zu Baden-Baden wäert den DOSB e Samschdeg iwwer den offiziellen däitsche Kandidat decidéieren, deen da beim Internationalen Olympesche Comité géint international Demandë wäert untrieden. D'Spiller 2036 wëll den IOC an dräi Joer verginn.