Australian OpenChris Rodesch wënnt säin éischte Match an der Qualifikatiounsronn

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Nummer 1 konnt sech an zwee Sätz géint de Britt Billy Harris behaapten.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg konnt sech de Chris Rodesch mat 6:3 a 6:4 an der éischter Qualifikatiounsronn vun den Australian Open géint de Billy Harris duerchsetzen. Den Harris war an der ATP-Weltranglëscht 87 Plaze besser klasséiert wéi de Rodesch (Plaz 208).

D’Lëtzebuerger Nummer 1 ass schonn nees e Mëttwoch am Asaz. An der zweeter Qualifikatiounsronn vun den Australian Open kritt hien et mam Spuenier Rafael Jodar ze dinn. Béid Spiller kenne sech duerch hir Studienzäit un der Universitéit zu Virginia an den USA. Am Fall vum Weiderkomme kritt et de Chris Rodesch mam Gewënner vun der Partie tëscht dem Daniil Glinka an dem Luca van Assche ze dinn. Bei enger weider Victoire stéing de Lëtzebuerger am Haapttableau vun den Australian Open.

Back to Top
CIM LOGO