KayakDe Gaël Ettwiller dreemt vum olympesche Slalom

Chrëscht Beneke
Zanter e puer Joer kann een och um klengen Dikrecher Wëllwaasserkanal Slalom fueren. Dem jonke Gaël Ettwiller geet dat awer net duer. Hien trainéiert zu Metz a ass dëst Joer seng éischt Coursen am World Cup gepaddelt. De Chrëscht Beneké huet sech d‘Finall a Spuenien ugekuckt.
De Gaël Ettwiller dreemt vum olympesche Slalom.
De Gaël Ettwiller trainéiert zu Metz a ass dëst Joer seng éischt Coursen am World Cup gepaddelt.

D'Finall vum World Cup am katalanesche La Sérieure d'Urgell war gläichzäiteg den Optakt vun der Olympiaqualifikatioun am Wëllwaasserslalom. An d'Weltelitt war komplett vertrueden. Um Kanal vun den Olympesche Spiller vu Barcelona 1992 war mam Gaël Ettwiller och ee Lëtzebuerger dobäi.

"C'était une saison exigeante, mais je le savais, donc sans trop de surprise quoi, ça a été difficile parce que les parcours sont difficiles, parce que la confrontation elle est difficile, je suis face à des athlètes qui ont fait les Jeux Olympiques, qui ont fait des médailles aux derniers mondiaux, sur toutes les Coupes du Monde, donc moi j'arrive, je suis un peu le petit nouveau, mais ça va, j'essaie de prendre ma place tout doucement là-dedans."

Mat knapps 1,70 Meter a grad emol 65 Kilo ass den 22 Joer Alen um héchsten Niveau ee Liichtgewiicht. An den 9 Kilo liichte Slalombooter kann dat awer och ee Virdeel sinn.

"Je suis assez léger, donc ça me permet d'être plutôt au-dessus de l'eau. Il faut être assez explosif, notamment en sortie de stop, pour voir ressortir et perdre le moins de temps possible. Mais aussi techniquement être efficace, notamment dans les portes, les décalés, pour voilà, se faufiler et toujours avoir de la vitesse vers le bas."

Dëse Parcours war nach eng Nummer ze schwéier fir de jonke Lëtzebuerger. Hien hat eng Paart net direkt erwëscht, huet vill Zäit verluer a war als 74. wäit fort vun enger Halleffinall vun de beschten 30.

Seng Elteren haten hie fréi mat op d'Flëss geholl an iwwert säi Club vu Sélestat bei Stroossbuerg huet hien de ganz familiäre Slalomsport kenne geléiert. Mëttlerweil studéiert hie Sportsproff zu Metz an ass iwwert seng Eltere virun ee puer Joer Lëtzebuerger ginn

Zanter Paräis 2024 ass och de Boatercross olympesch. Hei kämpfe véier Athlete géinteneen, fir eng Ronn wieder ze kommen. Ma den U23-Sportler war am Fuere géint Zäit net séier genuch fir déi Coursë vun de leschten 32.

"Maintenant, dans les points améliorés, physiquement, je sais que je peux vraiment progresser, notamment en kayak cross, parce que c'est nouveau et ce n'est pas des efforts que je connais très bien pour l'instant."

No enger éischter Saison um héchsten Niveau huet de Gaël Ettwiller Loscht op méi. Mat méi Erfarung wëll hien och méi wäit ze kommen an natierlech dreemt hie vun den olympesche Spiller. Dat awer éischter fir 2032.

Back to Top
CIM LOGO