Olympesch Wanterspiller 2030IOC huet confirméiert, wou wéi eng Disziplinne wäerten ausgedroe ginn

Tom Nols
D'Äissportaarten an -disziplinne wäerten zu Lyon stattfannen, wärend d'Competitiounen am Schi Alpin op Courchevel a Val d'Isère wäerte goen.
Zu Lyon geet et op d'Äis, zu Courchevel a Val d'Isère op d'Schi.
Zu Lyon geet et op d'Äis, zu Courchevel a Val d'Isère op d'Schi.
© MIGUEL MEDINA/AFP

Den Internationalen Olympesche Comité huet e Mëttwoch matgedeelt, wou op de Wanterspiller 2030 wéi eng Sportaarte wäerten ausgedroe ginn.

Zu Lyon ass virgesinn, alleguer d'Competitiounen um Äis ofzehalen. Dräi Standuerter sinn dofir ausgewielt ginn. An der historescher Halle Tony Garnier an an der neier LDLD-Arena zu Décines-Charpieu, an där 2028 och d'WM wäert ausgedroe ginn, wäert Äishockey gespillt ginn. An de Foireshale vun der Eurexpo gi Curling, Äiskonschtlaf a Shorttrack ënnerbruecht, grad esou wéi den Haapt-Medienzentrum. Zu Oullins-Pierre-Bénite bei Lyon ass e lafende Wunnengsprojet als Olympescht Duerf bestätegt ginn.

Zu Courchevel wäerten Descente a Super-G gefuer ginn, wärend déi méi technesch Disziplinne Slalom a Riseslalom zu Val d'Isère wäerten organiséiert ginn. D'Competitiounen an der Team-Kombinatioun, bei den Dammen an den Hären, sinn zu Courchevel virgesinn.

Eigentlech hätten d'Sportaarten um Äis sollen zu Nice sinn, mee well den neie Buergermeeschter Eric Ciotti do eng provisoresch Äispist am Futtballstadion refuséiert hat, huet mussen ëmdisponéiert ginn. Iwwerdeems huet de Vincent Roberti, deen zanter Juni d'Nummer 2 am Organisatiounscomité vun de Wanterspiller 2030 ass, déi kommissaresch Leedung iwwerholl, nodeems de President Edgar Grospiron d'lescht Woch wéinst enger schwéierer Kris an der Féierung zréckgetruede war.

D'Olympesch Wanterspiller wäerten tëscht dem 1. an dem 17. Februar 2030 ausgedroe ginn.

Back to Top
CIM LOGO