
De Shin Ohashi huet de Weltrekord iwwer 200 Meter Brasse pulveriséiert. An der Finall vun den Asian Games zu Tokio huet de Japaner no 2 Minutten 4 Sekonnen an 83 Honnertstel ugeschloen an domat Gold gewonnen. De 17 Joer alen Athlet, dee grad mol 1,69 Meter grouss ass, huet dem Chinees Qin Haiyang säin ale Rekord vun 2023 ëm méi wéi eng hallef Sekonn ënnerbueden.
Den Ohashi, deen als risegt Talent am Schwammsport gëllt, huet sech als nächst Ziler d'Goldmedailen op de Weltmeeschterschaften d'nächst Joer an op den Olympesche Summerspiller zu L.A. 2028 gesat.