Déi jonk Lëtzebuerger Triathleeten an Triathleetinnen hu sech wärend véier Wochen zu Avorriaz mat engem Héichtentraining fir d'Triathlon-WM am spuenesche Ponteverda virbereet, déi vum 24. bis de 27. September geet. De Sebastian Zieckmann gouf viru kuerzem Junior-Europameeschter a gehéiert deemno zum enke Favorittekrees. Den David Lang war virun zwee Joer als Véierte ganz no um Podium. Elo gehéiert hien am éischte Joer zur Elite, och wann hien eng méi komplizéiert Period hanneru sech huet.
Fir d'Linda Krombach ass et déi lescht Competitioun bei de Juniorinnen. Dat jonkt Talent gouf Fënneft op der Junior-Europameeschterschaft an huet berechtegt Ambitiounen op de Podium. D'Jeanne Lehair huet sech a Portugal fir d'WM preparéiert an e Podium ass och hei net utopesch. Wéi kaum an enger anerer Sportaart zu Lëtzebuerg mécht den Triathlon mat gläich e puer Athleeten an Athleetinnen an der Weltklass mat. Et sinn am Ganzen dräi Lëtzebuerger Triathleetinnen a fënnef Triathleeten am Asaz.
En Donneschdeg de 24. September geet et lass mat de Coursse vun de Juniorinnen ëm 10:45 Auer an de Junioren um 11:45 Auer. E Samschdeg de 26. September ass dann ëm 18 Auer den Depart vun den Dammen an e Sonndeg de 27. ëm 18 Auer dee vun den Hären.