Tennis Davis CupLëtzebuerg verléiert béid Eenzel-Matcher géint Ungarn

Jeff Birsens
Trotz deels enke Sätz waren d'Ungare fir den Alex Knaff an de Louis van Herck um Enn nach eng Nummer ze grouss. E Samschdeg steet nach den Dubbel an der Coque um Programm.
De Louis Van Herck huet sech am Match géint de Fabian Marozsan missen no zwee Sätz geschloe ginn.
© Roland Miny

E Freideg den Owend huet Lëtzebuerg béid Eenzel-Matcher géint Ungarn verluer. An der Coque hu sech souwuel de Louis van Herck wéi och den Alex Knaff misse geschloe ginn.

Den Optakt hat ëm 18 Auer de Louis van Herck gemaach, fir deen et um Enn trotz enger staarker Leeschtung eng 0:2-Defaite (4:6, 4:6) géint de Fabian Marozsan gouf. De Lëtzebuerger konnt sengem Géigner am éischte Saz deels op Aenhéicht begéinen, ma am decisive war den Ungar do, fir de Sak zouzemaachen. Och am zweete Saz konnt de van Herck nees gutt mathalen a sech tëschenzäitlech souguer mat enger 4:3-Féierung belounen. De Maroszan huet duerno awer nees seng Stäerkt gewisen a sech och mat engem 6:4 am zweete Saz d'Victoire vum Match geholl.

Géint 20 Auer war et dann um Alex Knaff, dee sech um Enn och mat 0:2 (4:6, 0:6) relativ däitlech géint den Zsombor Piros misst geschloe ginn. Den Alex Knaff, fir deen et de leschten Optrëtt beim Davis Cup ass, hat gutt an de Match fonnt a konnt mat sengem Géigner ufanks e Match op Aenhéicht spillen. Wéi och schonn am Match virdru war et awer nees den Ungar, deen den éischte Saz da mat 4:6 gewonnen huet. Duerno war de Lëtzebuerger dann net méi richteg am Match an de Piros huet mat engem klore 6:0-Sazgewënn alles kloer gemaach.

E Samschdeg geet et an der Coque weider mam Dubbel tëscht Lëtzebuerg an Ungarn. De Match kënnt Dir och nees live op RTL ZWEE, RTL.lu, RTL Play an op der App kucken.

© Roland Miny

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO