Schacholympiad zu SamarkandLëtzebuerger Dammen op Plaz 87., Hären op Plaz 105.

Samantha Weber
Vum 16. bis de 27. September gouf zu Samarkand an Usbekistan déi 46. Schacholympiad organiséiert.
D'Lëtzebuerger Fraen- an Hären-Ekipp bei der 46. Schacholympiad an Usbekistan.
D'Lëtzebuerger Fraen- an Hären-Ekipp bei der 46. Schacholympiad an Usbekistan.
© Lëtzebuerger Schach Federatioun

Bei der Lëtzebuerger Dammenekipp war déi stäerkst Spillerin déi lescht dräi Ronnen zwar krankheetsbedéngt ausgefall, trotzdeem konnten d'Frae bei der 46. Schacholympiad zu Usbekistan déi 87. vun 189 Plaze huelen, d'Lëtzebuerger Häre koumen op déi 105. vun 206 Plazen.

Béid Ekippen hu 5 Mol gewonnen, 5 Mol verluer an 1 Mol gläich gespillt. Esou konnte si 5,5 Punkten aus 11 Ronnen huelen.

D'Olympiad gewonnen huet bei de Frae China viru Kasachstan an Indien. Bei de Männer huet den Organisateur Usbekistan virun Indien an Däitschland gewonnen.

All d'Resultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO