Den Noé Berger klëmmt schonn zanter ronn 30 Joer. Vill Equipement brauch een dobäi net: déi richteg Schong a Magnesium fir e gudde Grëff – an da kann et lassgoen.
Beim Boulderen ass all Route eng Aart Probleem, deen ee léise muss. Schonn ier een an d’Wand klëmmt, gëtt iwwerluecht, wéi eng Beweegunge funktionéiere kéinten, wou een d’Féiss setzt a wéi eng Grëffer ee benotzt.
Dobäi kënnt natierlech och d’Kraaft an den Äerm a Fangeren. Mee d’Féiss ginn dacks ënnerschat, erkläert den Noé Berger. Si sinn op d’mannst genee esou wichteg wéi d’Äerm. Wien d’Féiss net richteg setzt, mécht sech eng Route séier vill méi schwéier.
Mat der Erfarung kënnt d'Routine. Beweegunge ginn ëmmer méi intuitiv an et gëtt méi einfach, eng Route ze "liesen" an de richtege Wee bis no uewen ze fannen.
Boulderen huet säin Ursprong am Klammsport. Fréier gouf et virun allem als Training fir grouss Klammtouren an de Bierger benotzt. Mat der Zäit huet sech doraus en eegestännege Sport mat eegene Reegele entwéckelt.
D’Zil ass et, eng Route vum Start bis bei de leschte Grëff ze packen. Uewen ukomm, muss de Schlussgrëff kontrolléiert mat béiden Hänn gehale ginn.
Och zu Lëtzebuerg wiisst d’Boulder-Communautéit. De Gilles Cosyn huet de Besoin fir eng nei Hal an der Géigend vun der Stad erkannt an de "Boulder Forest" gegrënnt. D’Hal soll souwuel Fräizäitkloterer wéi och Competitiounssportler uspriechen.