Junior-Competitiounen op der Triathlon-WMPlaz 9 fir de Sebastian Ziekman, 15. Plaz fir d'Linda Krombach

Bern Thill
Den Ufank vun der Triathlon-WM a Spuenien hunn d'Junior-Competitioune gemaach.
De Sebastian Ziekman, d'Linda Krombach an den Emile Vanolst op der Triathlon-WM a Spuenien.
De Sebastian Ziekman, d'Linda Krombach an den Emile Vanolst op der Triathlon-WM a Spuenien.
© RTL

En Donneschdeg war den Optakt vun der Triathlon-WM zu Pontevedra a Spuenien. Bei de Juniorinne war et déi 15. Plaz fir d`Linda Krombach. D`Lëtzebuerger Athletin war um Vëlo gefall an hat doropshin de Kontakt mam Verfollgergrupp verluer. Op der Arrivée hat d`Linda Krombach e Retard vun net just dräi Minutten. Gold war no 59 Minutten an 21 Sekonne fir déi extrem staark Ungarin Fanni Szalai. Si konnt sech kloer virun de Schwäizerinnen Danna a Casanova duerchsetzen. D`Fanni Szalai gehéiert zu den Topp–Talenter am Triathlon a konnt sech op anere Competitioune souguer scho bei de Profien duerchsetzen.

15. Plaz fir d'Linda Krombach bei de Juniorinnen op der Triathlon-WM
D'Lëtzebuergerin mat hiren Andréck no der Competitioun.

Bei de Junioren ass de Sebastian Ziekman deen Néngte ginn. Hei gouf et eng Schwäizer Victoire fir den Thibault Rivier. Op déi zweet Plaz koum de Portugis Ferreira, Bronze war fir den Éisträicher Kaindl. Den aktuellen Europameeschter Ziekman konnt nom Schwammen, um Vëlo, den Uschloss un de Spëtzegrupp fannen a louch, kuerz éier et op de Laf–Parcours gaangen ass, op der drëtter Plaz. Virum Wiessel hat hien awer nach e puer Plaze verluer a war sou just net am éischte Grupp aus der Wiessel–Zon gelaf. Op der Arrivée hat de Ziekman als Néngten e Retard vu 37 Sekonnen op de Vainqueur - en Zeechen dofir, wéi no d`Weltspëtzt beieneen ass. De ganz jonken Emile Vanolst konnt sech op der gudder 30. Plaz klasséieren.

P9 bei de Juniore fir de Sebastian Ziekman op der Triathlon-WM a Spuenien
De Lëtzebuerger ass an der Competitioun vun de Junioren op déi 9. Plaz komm.

E Freideg geet et zu Pontevedra mat de Coursse vun der U23 weider. Virun zwee Joer war an der Stad, déi am Nordweste vu Spuenien läit, och schonn eng Cyclocross-Europameeschterschaft. D'Marie Schreiber war deemools bei der U23 vun de Fraen hannert der Franséisin Célia Gery op déi zweet Plaz gefuer.

Éischt Participatioun fir den Emile Vanolst op der Triathlon-WM a Spuenien
De Lëtzebuerger Emile Vanolst ass bei de Junioren deen 30. ginn.

Back to Top
CIM LOGO