SchwammenRalph Daleiden Ciuferri mat neiem nationale Rekord am 25m-Baseng

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger ass an den USA en neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Crawl geschwommen.
© RTL (Archiv)

En Donneschdeg ass de Schwëmmer Ralph Daleiden Ciuferri bei de Short Course World Championship Trials zu Westmont am US-Bundesstaat Illinois en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl geschwommen. De Lëtzebuerger huet am klenge Baseng no 21 Sekonnen a 36 Honnertstel ugeschloen a war domadder 21 Honnertstel méi séier wéi den ale Rekord vum Julien Henx. Mat dësem Chrono ass hien deen 13. a senger Serie ginn a war 52 Honnertstel méi lues wéi den Olympiagewënner Caeleb Dressel.

Schreiwes FLNS

Back to Top
CIM LOGO