
Zu Val d’Isère huet d’Sofia Goggia de Super G vun den Damme gewonnen. D’Italieenerin hat 0,15 Sekonnen Avance op d’Alice Robinson aus Neiséiland an 0,36 Sekonnen op d’Amerikanerin Lindsey Vonn. De Rescht vum Feld konnt den Tempo vun deenen dräi net matgoen. Déi Véiert, d’Elena Curtoni, hat bal eng hallef Sekonn Réckstand op d’Vonn. Bei den Häre stoung de Risenslalom zu Alta Badia um Programm. Hei war de Schwäizer Marco Schwarz de Séiersten. Den Norweeger Lucas Pinheiro Braathen, deen ënner brasilianeschem Fändel un de Start geet, gouf Zweeten (+ 0,18), knapp virum zweeten Éisträicher um Podium, dem Stefan Brennsteiner (+ 0,22).
Am Biathlon war et e Sonndeg den éischte Massestart fir dëse Wanter zu Annecy. Hei war kee Kraut géint den Tommaso Giacomel gewuess. Den Italieener hat 18,10 Sekonne Virsprong op den Eric Perrot aus Frankräich an 21,30 Sekonnen op de Vetle Sjastad Christiansen. Den Däitsche Justus Strelow gouf nach op der Zillinn vum Norweeger agefaangen an huet sech mat der véierter Plaz mussen zefridde ginn. Bei den Damme gouf et am Massestart e Fotofinish ëm de Podium. Hei hat d’Maren Kirkeeide ganz knapp d’Nues vir. Si gewënnt mat enger Avance vun 0,30 Sekonne virun den zwou Franséisinne Lou Jeanmonnot an Justine Braisaz-Bouchet (+ 0,80). Och déi véiert Plaz goung mat der Camille Bened un eng Franséisin.
Am Schisprangen ass d’Nika Prevc am Moment net ze klappen. No hirer Victoire leschte Weekend zu Klingenthal huet d’Sloweenin och zu Engelberg d’Konkurrenz dominéiert. Si hat no Spréng op 128,5 an 136 Meter bal 20 Punkte Virsprong op déi zweetplacéiert Anna Odine Ström aus Norwegen a bal 40 Punkten Avance op d’Katharina Schmid. D’Häre sinn eng lescht Kéier virun der Vierschanzentournee gesprongen. De Ryoyu Kobayashi hat hei d’Nues vir. Den Domen Prevc, de grousse Brudder vun der Nika Prevc, gouf hei ganz knapp den Zweeten. De Felix Hoffmann gouf knapp hannendrun Drëtten.