
An der zweeter Divisioun a Frankräich huet den Tornado Lëtzebuerg doheem 3:4 géint den Tabelleleader Hogly verluer. An engem intensive Match huet et virum Gol um néidege Realismus gefeelt, firwat et um Enn net duergoung. E Méindeg komme mir op der Tëlee op dëse Match zeréck. D’Lëtzebuerger stinn no 12 Spilldeeg op der 6. Plaz an der Tabell. Leschte Sonndeg hate si mam selwechte Resultat (3:4) bei Français Volants de Paris verluer.