Trëfft op Alexander ZverevUS Open: Ben Shelton séchert sech seng éischt Grand Slam–Finall

RTL mat AFP
De Ben Shelton huet sech géint säi Landsmann Frances Tiafoe an der Halleffinall vun de US Open duerchgesat an trëfft an der Finall op den Alexander Zverev.
© CHARLY TRIBALLEAU/AFP

De Ben Shelton huet sech de Freideg an enger spannender Partie géint säi Landsmann Frances Tiafoe duerchgesat an domat seng éischt Finall an engem Grand Slam–Turnéier erreecht. Mat 20 Assen a véier Sätz (4-6, 6-3, 6-3, 7-5) konnt den Amerikaner am Arthur Ashe Stadium iwwerzeegen.

An der Finall kritt de Shelton et mam Alexander Zverev ze dinn. Den däitsche Spiller huet sech géint de Russ Karen Khachanov (Nummer 50 op der Welt) mat 6-3, 7-6 (9/7), 7-6 (8/6) behaapt.

Fir de Zverev ass et déi drëtt Grand Slam-Finall hannereneen: Hie konnt schonn d'French Open gewannen a stoung och zu Wimbledon an der Finall.

Back to Top
CIM LOGO