World Triathlon Championship SeriesVéiert Plaz fir d'Jeanne Lehair an Tschechien

Jeff Birsens
Mam Jeanne Lehair, Eva Daniels, Linda Krombach an David Lang waren de Weekend an Tschechien véier Lëtzebuerger Triathleeten am Asaz.
D'Jeanne Lehair huet den Triathlon zu Karlovy Vary mat engem Chrono vun 2:05:06 Stonnen op en Enn bruecht.
© Fédération luxembourgeoise de triathlon

E Sonndeg ass d'Jeanne Lehair am Kader vun der World Triathlon Championship Series am tschechesche Karlovy Vary op déi 4. Plaz komm. Ënner schwierege Wiederkonditioune mat niddregen Temperaturen a Reen war et keng einfach Course a sou huet d'Lëtzebuerger Triathleetin de Podium hannert dem Georgia Taylor-Brown, Taylor Spivey a Lisa Tersch knapp verpasst. Am WM-Klassement bleift d'Jeanne Lehair mat deem Resultat weider op der 6. Plaz.

D'Lëtzebuergerin Eva Daniels war am Verlaf vun der Course wéinst den deels immens rutschege Stroosse mam Vëlo gefall. Si huet sech dobäi awer glécklecherweis net ze grouss blesséiert, sou datt um Enn nach eng gutt 28. Plaz erausgesprongen ass, woumat si hir éischt Punkten en vue vum Olympia-Ranking sammele konnt.

Kee gudden Dag war et da fir d'Linda Krombach. Beim Schwamme war déi jonk Lëtzebuerger Triathleetin falsch geleet ginn an ass dobäi ënnert enger Boje duerch geschwommen. Déi Offiziell hunn dat als Ofkierze bewäert a si disqualifizéiert. An zéng Deeg geet et fir d'Linda Krombach bei de Junior-Weltmeeschterschaften un den Depart.

Och fir den David Lang war d'Course e Sonndeg méi fréi eriwwer wéi erwaart. No engem gudde Chrono beim Schwamme war och hie beim Vëlofuere gefall an huet, och wéinst sengem scho virun der Course ugeschloene gesondheetlechen Zoustand an dem schwéiere Parcours, missen opginn.

Back to Top
CIM LOGO