Lëtz MileVictoire fir de Ruben Querinjean mat neiem nationale Rekord

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass an der Avenue de la Liberté an der Stad déi zweet Editioun vun der "Lëtz Mile" organiséiert ginn.

De Ruben Querinjean huet e Samscheg déi 2. Editioun vun der "Lëtz Mile" an der Stad gewonnen. De Vizeeuropameeschter iwwer 3.000 Meter Steeple huet d'Course bei der Elitt dominéiert a sech mat engem neie Lëtzebuerger Rekord iwwer d'Meil d'Victoire geséchert. De Chrono ass no véier Minutten, zwou Sekonnen an 30 Honnertstel stoe bliwwen.

Resumé vun zweeter Editioun Lëtz Mile
De Ruben Querinjean leeft eng nei Beschtzäit. Bescht Damm war d'Belsch Mariska Parewyck.

Bei den Dammen gewënnt d'Belsch Mariska Parewyck. D'Lëtzebuergerin Marine Joblin huet sech op der fënnefter Plaz klasséiert.

Resultater Lëtz Mile 2026

Fir d'Lëtzebuerger war d'Lëtz Mile eng Preparatioun op d'WM op der Strooss den nächste Weekend zu Kopenhagen an Dänemark. Mam Ruben Querinjean, Fidelio Klein, Vera Bertemes-Hoffmann a Marine Joblin gi véier Lëtzebuerger iwwer d'Meil (1,609 Kilometer) un den Depart.

Weider Fotosgalerië vun der Lëtz Mile

Back to Top
CIM LOGO