
Beim Saisonsoptakt vun der alpiner Schi-Saison gouf et bei den Dammen eng Victoire vun der Paula Moltzan (2:14,82). Et war hir éischt Victoire iwwerhaapt am Weltcup. Obwuel d'Amerikanerin mat hiren Zäiten a béiden Duerchleef net ganz vir war, goung et an der Additioun duer, fir no zwee Duerchgäng eng Avance vu just 0,01 Sekonn op d'Italieenerin Lara Colturi, déi fir d'albanesch Federatioun ënnerwee ass, ze hunn. De Podium gouf vun der Däitsch Emma Aicher komplettéiert (+0,52).
Fir d'Aicher war et dat bescht Resultat am Riseslalom an hirer Karriär bis elo. No dem éischten Duerchgang war si just déi Néngt, huet awer am zweete Laf awer déi véiertbescht Zäit higeluecht an ass sou nach op de Podium gefuer. Änlech war et fir d'Colturi, déi am zweete Laf nach e puer Honnertstelsekonne méi séier war wéi déi Däitsch.
D'Mikaela Shiffrin koum mat 0,83 Sekonne Réckstand op d'Gewënnerin op Plaz 7. Si louch nom éischten Duerchgang nach un der Spëtzt (1:07,27), war am zweete Laf awer méi wéi eng Sekonn méi lues (1:08,38). Si muss sech nach e bësse gedëllegen, fir hiren 111. Weltcup ze gewannen. Och d'Schwäizerin Camille Rast huet eng besser Placéierung am zweete Laf ewechgeheit a gouf déi Sechst.