
Virun enger Woch hat sech Lëtzebuerg mam 106:5-Erfolleg an Estland un d'Tabellespëtzt vun der Grupp A gespillt. Dëse Samschdeg gouf et am Stade de Luxembourg déi nächst Victoire, an zwar en 41:12 géint Norwegen.
No zwou Victoirë mat volle Punkte (5 Punkte fir eng Victoire mat méi wéi 4 Essaien) stinn d'Lëtzebuerger mat zwee Bonuspunkt-Victoiren op der éischter Plaz an hirer Grupp. Obwuel si elo fir d'zweet géint Géigner spillen, déi net op hirem Level waren, hunn d'Rout Léiwe mat Prezisioun hir Aufgab erleedegt.
Zéng Minutten huet et gebraucht, bis den Tom Verlaque mat den éischte Punkten de Score opgemaach huet. No zwee Essaië vum Franzina an engem vum Agassi war et mat 24:0 an d’Paus gaangen.
Direkt nom Ustouss stoungen d’Lëtzebuerger an der norwegescher Hallschent a si hunn hir Qualitéit nees ënner Beweis gestallt. Den Incarte an de Lawlor hunn nees gutt kombinéiert an de Franzina huet säin Hattrick assuréiert.
Norwegen hat awer direkt eng Äntwert. Kuerz dono goufen hir staark Forwards fir dat haart Schaffe belount. No engem Aworf hu si et mat Wëllen iwwert d’Linn gepackt. Do stoung et 29:5. Lëtzebuerg hat d’Spill awer nees ënner Kontroll duerch gutt e Kombinatiounsspill, nodeems den Thomas Deom duerchkoum a 5 Punkten dropgesat huet.
Eng Lacune an der Defense gouf vun de Norweger entdeckt an d'Nummer 9 konnt duerch. Den neie Score war 36:12. Lëtzebuerg war liicht ënner Drock, den Ënnerscheed vum Niveau war awer nach ze gesinn. Dat huet de Mattia Reuter kuerz drop bewisen, andeems hie aus noer Distanz iwwert d’Linn gebulldozed ass. Dat war d'Schlussresultat, 41:12. No 80 Minutte waren d'Lëtzebuerger de verdéngte Gewënner.
D'Chancen op d'Playoffs stinn elo gutt, nach eng Bonuspunkt-Victoire géint Finnland am Abrëll, dann ass d'Aufgab gepackt.