Fir den Ament ass en nees zu Lëtzebuerg, reest awer vill a gëtt weltwäit Concerten. Vrun allem och zesummen mam Trio “Reis Demuth Wiltgen”. Mam Batteur Paul Wiltgen an dem Bassist Marc Demuth spillt de Michel Reis scho gutt 20 Joer zesummen. An der Artbox begleede mer hie beim Prouwen a beim Spillen.
Wat leeft!?
- Concert Dean Lewis @ Atelier
- Concert Tears for fears @ Abtei Neimënster
- Expo “Il est temps pour s’enivrer” @ Bamhaus
- Prix de la sculpture
D’Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d’Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.