Concerten 2021 - wéini sinn se nees méiglech? a wat sinn d'Alternativen? An der Rockhal, beim Atelier an de klenge Concertssäll - mir maachen de Point.

Ufank Mäerz 2020 war de leschte Concert an der Rockhal, zënterhier ass zou!

A kee ka soen, wéini deen éischte Concert ënner normale Konditiounen nees méiglech ass. Fir den Direkter Olivier Toth a seng Ekipp eng Erausfuerderung an awer ass e positiv.

De Bob Konsbruck huet beim Atelier nogefrot, wéi si hir Concerts-Saison gesinn.

A mir waren och an 3 Bistroten, deenen hir kleng Bünen och net kënne genotzt ginn.

No Art on Air aus der Rockhal presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Konsbruck
Chroniqueur
Wiwinius
No Art
Heintz
Video No Art Liz Heintz