Invitée ass d'Schauspillerin Magaly Teixeira. Ausserdeem d'Buch "Fassad a Substanz" vum Joël Adami an d'Expo World Press Photo.

Et war e chargéiert Joer fir d'Schauspillerin Magaly Teixeira an dat souwuel am Theater wéi och am Kino. Mir kucke mat hir op d'Joer zréck an och wat an Zukunft nach fir si kënnt.

De Joël Seiller stellt dat neit Buch vum Joël Adami vir: "Fassad a Substanz".

D'Patricia Baum war sech d'World Press Photo-Ausstellung an d'Abtei Neimënster ukucken.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.