Invitéiert war den Operesänger Jean Bermes, Thema war och d'Expo an der Galerie Zidoun & Bossuyt an zwee Bicher iwwert den Zweete Weltkrich.

De Jean Bermes ass Operesänger, ma fir net alt ze konventionell Stécker. Säin Dada ass de Kanner- a Jugendtheater an dee promouvéiert hien am No Art on Air.

De Joël Seiller war d'Expo "Piled & Peeled" vum Franck Miltgen an d'Galerie Zidoun & Bossuyt kucken an d'Bea Kneip huet direkt zwee  Bicher virgestallt, wou et ëm Familljegeschichte mat ganz ënnerschiddlechem Background geet.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.