
Bei Temperaturen iwwer 20 Grad gëtt et quasi näischt méi Erfrëschendes wéi eng Schwämm. Fir d’Mënschen ass et relativ einfach, e Baseng oder Séi ze fannen, fir sech am Summer ofzekillen. Net grad sou einfach ass d’Sich mat engem Hond. Zu Lëtzebuerg ginn et awer eng Partie Plazen, wou d’Fellnuesen erlaabt sinn.
Éier ee sech zesummen an d’Waasser stierzt, gëtt et eng Partie Aspekter ze berücksichtegen. Dorënner fält zum Beispill d’Erzéiung. Follegt de Mupp sengem Meeschter net ouni Léngt, ka séier aus dem Wonsch vun engem gemittlechen Dag un der Plage e Stänneg-hannert-dem-Hond-hierlafe ginn, dat weder dem Hondsbesëtzer nach deenen anere Visiteure gefalen dierft. Huet een e richtegt Energiebëndel als Hausdéier, wier eng méi roueg Plaz beim Waasser ouni gréisser Oflenkung net verkéiert.
Fir vill Mënschen ass en Dag un der Plage ouni Sonnecrème, Bikini/Schwammbox oder killt Gedrénks ondenkbar. Ouni Virbereedung geet et net. Dat selwecht gëllt fir de Mupp. A seng Posch gehéieren eng Schossel a genuch frëscht Drénkwaasser. En Duch dierf och net feelen, fir d’Déier nom Bueden ofzedréchnen. Mikrofaser-Dicher eegene sech perfekt fir Hënn, well se vill Waasser opsaugen. Ausserdeem gëtt geroden, eng speziell Pince fir Bëschzecken anzepaken, well zu där Joreszäit heefeg där Déieren an de Wise laueren.

Tuten, fir d’grousst Geschäft vum Déierchen opzerafen, gehéieren och onbedéngt an d’Gepäck. Nëtzlech kann iwwerdeems nach en Éischt-Hëllef-Set sinn, sollt sech den Hond zum Beispill un de Patte wéidoen. Fir net ze iwwerhëtzen, kann een dem beschte Frënd op véier Been nach eng Killmatt apaken, déi fir en erfrëschend Gefill um waarme Sand suergt.
Prinzipiell kënnen all d’Hënn schwammen. Anescht wéi bei de Mënsche musse si et net als éischt léieren. Allerdéngs si verschidde Rasse wéinst hirer Anatomie keng gutt Schwëmmer, dorënner zum Beispill de Mops oder d’franséisch Bulldogge. Fir si ass et wéinst hirer kuerzer Schnuff an hirem Hals immens ustrengend, de Kapp wäit genuch iwwer Waasser ze halen. An deem Fall kann ee mat enger Schwammwest fir Hënn hëllefräich sinn, fir dass si net mussen op de Waasserspaass verzichten.
All Joer lackelen d’Baggerweieren zu Rëmerschen Waasserraten a Frënn vun der Sonn aus Lëtzebuerg an der Groussregioun un hir Plagen. Op 25ha kommen net just Zwee-, ma och Véierbeener op hir Käschten. Vum 1. Mee bis de 15. September ass hei Waasserspaass ugesot. “ULLA BEACH” ass ee Beräich, deen exklusiv fir Hënn an hir Meeschtere reservéiert ass, fir bei guddem Wieder an der Natur z’entspanen oder zesummen am Waasser ze spillen.
Vill Awunner zitt et wärend dem Fréijoer a Summer och an d’Éislek. Hënn sinn aus hygienesche Grënn net un de Plagë ronderëm den Uewersauer Stauséi erlaabt, well et sech ëm en Drénkwaasserreservoir handelt. D’Hënn dierfen also net an d’Waasser, kënnen awer mat hirem Meeschter ronderëm de Séi spadséiere goen. Och zu Iechternach ass et ënnersot, am Waasser ze schwammen.
Um Enn vun der Schwamm-Saison, kuerz éier déi grouss Botz usteet, maache verschidde Schwämmen hiren Dieren nach emol fir ganz besonnesch Gäscht op. Zu Esch a Beefort huet sech déi lescht Jore wärend engem Dag alles ëm de beschte Frënd vum Mënsch gedréit. De Véierbeener gouf nämlech de Schwammbaseng iwwerlooss, an deem si wärend e puer Stonne spillen, toben a schwamme konnten.
Hondsschwammen ass net just eng perfekt Méiglechkeet fir sech auszetoben, ma d’Hënn kënnen hir Konditioun esou och verbesseren. Duerch reegelméissegt Schwamme baue si Muskelen op. Eeleren Hënn kann dës Sportaart hëllefen, méi laang beweeglech ze bleiwen. Virdeel vum Schwammen ass, dass d’Beweegung am Waasser d’Gelenker schount.
Bei verschiddene Rasse wéi Golden Retriever oder Labrador ass d’Freed um Waasser esou grouss, dass et heiansdo eng Erausfuerderung ass, si nees erauszekréien. Aner Muppen zitt et allerdéngs net vum selwen an d’Waasser. Hei soll een dem Déier Zäit ginn an net dozou zwéngen. Mat Hëllef vu Leckerlie kann een d’Fellnues lues a lues un d’Waasser gewinnen. Verschidde Véierbeener sinn einfach keng Sportskanounen, mä éischter sougenannten “Couch-Potatoes”. E klenge Muppe-Baseng am Gaart geet a verschiddene Fäll och duer, fir bei Afenhëtzt fir e bëssen Ofkillung ze suergen.

Episod 1: D’Heemecht zu 2 iwwer Wanderweeër entdecken
Episod 2: Spill a Spaass op der Hondswiss
Episod 3: Auslaaschte mat Sich an Denkspiller
Episod 4: E gudde Maufel fir de Mupp