
Wie baakt net gäre fir d’Feierdeeg? Et gi Kichelcher an all méigleche Formen, Konsistenzen, verschidde Goûten, mat engem Design, ouni Design… d’Lëscht ka ganz laang ginn.
Wann Dir wëllt, kënnt Dir eis Är Rezepter fir Är Chrëschtdagskichelcher eraschécken. Mir publizéiere se dann.
An dat soll awer och belount ginn, well ënnert all deene Leit, déi eis hiert Rezept eraschécken, kommen automatesch och an eng Loustrommel, wou et en Akafsbong vun 100.- Euro offréiert vum Asport ze gewanne gëtt.