
Sech verwinnen dank Steiererpuernesser? Mat LALUX ass dëst méiglech!
Wann Dir gären Är Steiersituatioun wëllt optimiséieren, da bidden sech Iech verschidde Versécherungsproduiten un.
Fir seng Pensioun ze spuere mat engem Produit wéi easyLIFE Pension, ass sécherlech eng vun de beléiftste Léisunge fir seng Steieren ze reduzéieren. Mat engem perséinleche Pensiounsplang kënnt Dir een zousätzlecht Kapital fir Är Pensioun opbauen a profitéiert vu steierleche Virdeeler, andeems Dir bis zu 45% vun Ärer Primm spuere kënnt, an dat all Joer! D’Primmen, déi Dir an ee perséinleche Pensiounsplang investéiert, sinn nämlech bis zu € 3.200 pro Steierzueler nom Artikel 111bis L.I.R. steierlech ofsetzbar.
Gutt Nouvelle: D’Regierung huet viru kuerzem eng Erhéijung vum Plaffong vun der steierlecher Ofsetzbarkeet fir d’individuell Pensiounspläng ugekënnegt: vun 3.200 € op 4.500 € pro Joer, ab 2026.
Zum Beispill,
E Jonggesell mat engem besteierbaren Akommes vu 50.000 €, deen all Joer 3.200 € a säi Pensiounsplang abezilt, ka bis zu 1.334 € u Steiere spueren, also 41,69% vun der investéierter Primm.
Eng bestuete Koppel mat engem kollektiv besteierbaren Akommes vun 100.000 €, déi alle béid 3.200€ abezuelen, ka bis zu 2.671 € Steiere pro Joer spueren, also 41,73% vum Total deen all Joers investéiert gëtt.
Simuléiert Är Steiererspuernesser, déi Iech duerch easyLIFE Pension méiglech sinn, mam LALUX Simulator.
lalux-Safe Future ass eng spezifesch Offer fir Selbststänneger a Fräiberuffler, déi hinnen et och erlaabt fir vun interessante Steiervirdeeler ze profitéieren. D’Primmen, déi hei investéiert ginn, kënne bis zu engem Maximum vun 20% vum järleche berufflechen Akommes als „Dépense Spéciale“ ofgesat ginn.
Eng aner effikass Léisung, fir seng Steieren ze reduzéieren, sinn déi perséinlech Bäiträg, déi Dir am Kader vun engem eventuell bestoende Pensiounsplang vun Ärem Patron kënnt leeschten. Mat engem Maximum vun 1.200 € pro Joer bidden dës Bäiträg een direkte steierleche Virdeel, well Äert besteierbaart Akommes all Mount reduzéiert gëtt. Fir vun dëser Léisung ze profitéieren, frot bei Ärem Patron no, ob esou en Zousazpensiounsplang besteet.
Einfach ausgedréckt, kënnen all d’Versécherungsprimmen, déi eng Persoun ofdecke vun de Steieren ofgesat ginn. All aner Primmen, déi materiell Schied, Feier, Déifstall, Rechtsschutz oder reng Investitioun betreffen, zielen net dozou.
Dir kënnt also déi follgend Assurancen als „Dépense Spéciale“ an Ärer Steiererklärung uginn, an dat bis zu 672 € pro Steierflichtegen:
All Joer, wann et un der Zäit ass fir d’Steiererklärung ze maachen, waart Dir op Ären Zertifikat, deen all d’Versécherungsprimmen opzielt, déi Dir ofsetze kënnt. Fir hiren ekologesche Foussofdrock ze limitéieren, stellt LALUX dësen Zertifikat jidderengem, deen et esou wëll, digital zur Verfügung! Mellt Iech an der LALUX easyAPP un a luet Ären Zertifikat direkt op Ärem Handy oder Desktop erof.
Entdeckt wéi Dir manner Steiere bezuelt a gläichzäiteg beschtens verséchert sidd.