
Et si kuerz oniwwerluechten Aktiounen, déi kënnen en Impakt hunn op de Rescht vum Liewen. De 14. Mäerz zejoert war wuel eng dovunner, wéi den deemools 20 Joer ale Schüler säi Porsche Cayenne mat bal 90 Stonnekilometer op engem Freiden um 12:20 Auer iwwert de Lampertsbierg gesteiert huet. Dat an enger 30er-Zon, mat véier Schoulkolleegen u Bord, déi emol net all ugestréckt waren.
Op Héischt vun der Rue Ermesinde koum et zu enger Kollisioun mat engem klenge Peugot. D'Fra hat de jonke Mann, deen eigentlech Virfaart hat, net komme gesinn. Duerch den Impakt huet hire Won sech iwwerschloen an ass um Dach leie bliwwen. Wéi duerch e Wonner gouf bei dësem Accident kee schwéier blesséiert.
"Ech sinn e bëssi ze séier gefuer", sot den haut 22 Joer ale Student um Méindeg de Moie virun der Riichterin. Hie wier deen Dag an der Mëttespaus mat véier Kolleegen eppes ze iesse siche gaangen. Well d'Mëttespaus esou kuerz war, hätte se séier nees zréck an de Lycée wëlle fueren. Biller vun zwou Iwwerwaachungskameraen haten de Knall vum Accident dokumentéiert. Eemol ass och den Auto ze gesinn, wéi e virum Geschäfft mat héijer Vitess laanscht fiert. Nom Accident, wéi d'Dier vum Buttek opgeet, héiert een op den Opnamen déi haart Musek, déi aus dem accidentéierten Auto vum Mann spillt.
Och wa beim Accident selwer op den éischte Bléck kee schwéier blesséiert gouf, bleiwe bei der haut 40 Joer aler Fra, där hiren Auto vum Ugeklote gerammt gouf, bis haut Sequellen. Et ass hir net einfach gefall z'erzielen, dass den Accident fir si eng Partie Saache verännert hätt. Si hätt scho virum Accident un enger Autoimmunkrankheet gelidden. Dës wier awer nom Accident méi schlëmm ginn, esou dass si ënner anerem wéinst Réckwéi net méi kéint 8 Stonnen op engem Stull sëtzen. "Hiert Liewen huet 360 Grad gedréint", huet hir Affekotin ënnerstrach, déi e Schuedenersatz vun op d'mannst 50.000 Euro gefuerdert huet.
D'Affekotin vum Ugekloten huet da betount, dass dës méiglech Folgeschied vum Accident nach misste vun engem Expert festgehale ginn. Doriwwer eraus huet si drop higewisen, dass d’Affer dem Ugekloten d'Virfaart geholl hätt. Den Aussoe vun engem Zeien no muss dat Ganzt alles awer extreem séier ofgelaf sinn.
"Dat war natierlech net gewollt"
Nodeems den Ugekloten d’Affer héieren hat, sot hien, hie wéilt sech entschëllegen. "Dat war natierlech net gewollt. Ech wollt kengem wéidoen. Ech wollt an d’Schoul. Et war och mäi Feeler", huet hie betount. Eng Entschëllegung, déi hien dono och nach eng kéier op Demande vum Vertrieder vum Parquet, op franséisch a mat Bléckkontakt zum Affer widderholl huet.
De Procureur huet da vun enger Affär geschwat, déi vun aussergewéinlecher Gravitéit wier. De Reproche vum Parquet wier deemno net Coups et blessures involontaires, mä Tentative de meurtre. Dat wier et nämlech, wann ee wärend der Mëttesstonn an enger 30er-Zon esou séier fiert. "D’Zil vun der Prozedur ass net just, dass d’Victime sech muss dem Auteur vu senge Sequelle stellen. Mee och, dass den Auteur muss eng déifgrënneg Introspektiv maachen, a weisen, dass dat, wat hie gemaach huet, him leet deet", huet de Procureur betount. Haut hätte mer e ganz klengen Deel dovu gesinn.
Et wier net absurd ze soen, dass an dësem Fall méi Leit hätte kënnen dout sinn. Op enger Plaz wier den Auto esouguer mat 86 Stonnekilometer ënnerwee gewiescht. Den Impakt war da mat enger Vitess tëscht 80 a 85 Stonnekilometer. "Dat ass eng Folie", huet de Procureur ënnerstrach. Hie wier der Meenung, den Ugekloten hätt net déifgrënneg genuch doriwwer nogeduecht, wat passéiert ass, a wier sech der Gravitéit ëmmer nach net komplett bewosst.
De Parquet huet dofir sechs Méint Prisong mat integralem Sursis an zwee Joer Fuerverbuet mat engem Deel dovun op Sursis gefrot. Doriwwer eraus soll den Auto confisquéiert ginn.
Wéi den Ugekloten d'lescht Wuert krut, sot hien, hien hätt net méi vill zu der Affär ze soen. Hie géing elo op d'Aschätzung vun der Riichterin waarden. D'Riichterin huet dozou gemengt, si kéint him dat elo scho soen: "Wa Kanner jonk sinn, solle se nach keen Auto hunn, deen esou séier fiert. Wann et net méiglech gewiescht wier, wier Dir net esou séier gefuer. Do sinn d’Elteren heiansdo ze léif mat hire Kanner." Et wiere vill schwéier Accidenter, déi vu jonke Chauffeure provozéiert gi wieren, déi net déi néideg Erfarung hätten. Antëscht goufen op der Strooss, wou den Accident geschitt ass, Bumperen installéiert.
Nom Prozess huet och d'Mamm vum Ugeklote sech nach eng Kéier beim Affer entschëllegt. D'Urteel an der Affär gëtt de 15. Oktober gesprach.