Ob d'Péitruss bis zur Gaardenausstellung am Mee 2023 sanéiert ass?
D‘Péitruss, déi 2 grouss Stater Parken, d‘Faubourgen an de Kierchbierger Plateau - si si vu Mee bis Oktober 2023 d‘Kuliss vun der LUGA.
Vun der Gare erof, ma, och aus der Märeler Rue de la Semois leeft zanter Joren Ofwaasser an d'Péitruss, dat u sech misst an eng Kläranlag geleet ginn.
Virun allem op der Hollerecher Säit richt an gesäit een, datt d'Baach, déi jo soll renaturéiert ginn, alles anescht wéi propper ass.
D'Stad Lëtzebuerg kënnt de Probleem a wëll reagéieren.
Ob d'Péitruss awer bis zur Gaardenausstellung LUGA, am Mee 2023 sanéiert ass?
Eng partizipativ Lëtzebuerger Gaardenausstellung
LUGA steet fir „Luxembourg Urban Garden“ an d‘Organisateure wëllen iwwer d’Natur, e sozialen, kulturellen an urbanistesche Portrait vu Stad a Land zeechnen - an zwar net vun uewen erof, mee an Zesummenaarbecht mat Professionellen aus dem Secteur an dem ganz normale Bierger.
Gäertner, Interesseveräiner, Schoulen, Betriber oder einfach de Misch aus dem Rollengergronn: Wann een eng intressant Iddi huet, fir eis Gaardenausstellung, soll se bréngen!
Dass et awer kloer ass: eng Topegkeet, déi näischt mat Natur oder Lëtzebuerg ze dinn huet, flitt an d'Poubelle, well: et gi Critèren, an déi stinn an enger Charta. Mat Iwwerschrëften: Natur Pur/Natur a Soziales/Natur a Kultur/Natur an Urbanismus. Dat kënne Virträg sinn, e Gebai, dat passt, eng touristesch Attraktioun...eppes wat et scho gëtt, oder gouf, net nëmmen, mee virun allem op deene Plazen, déi scho graff fir d'Gaardenausstellung erausgesicht goufen.
De Projet muss natierlech bei d'Thema passen. Michelle Schaltz schafft am Pafendall an denkt un e Mix vu Relioun a Gaardebau. Den historesche Modell, esou wéi d'Patere fréier, laanscht d'Uelzecht, am Gaart geschafft a sech vun hirem Uebst a Geméis erniert hunn, kéint een moderniséieren. Stéchwuert Urban Garden.
Um Samschdeg ware virun allem Vertrieder vu Verwaltungen, Veräiner, Gemengen, Architekten asw invitéiert, fir ze lauschteren, an da selwer kreativ ze ginn. Stad Lëtzebuerg a Landwirtschaftsministère deele sech elo mol déi 10 Millioune Käschte fir Organisatioun a Koordinatioun, schaffen da mam Tourismus, der Kultur an der Finanzinspektioun zesummen a mat der Fédération Horticole, där hiren Éierepresident Niki Kirsch d'Iddi hat, esou eng Gartenschau z'organiséieren.
Gaart an Heem steet net mat op der Lëscht; déi iwwer 20.000 Membere loosse sech awer net decouragéieren, a maachen hir Proposen. Gaart an Heem huet an der Stad zeg Hektaren u Citées Jardinières, an deenen d'Stater do, traditionell, hiert Uebst a Geméis ubauen. Mir reechen 2 oder 3 Proposen an, seet Martine Mergen, Presidentin Gaart an Heem; eng dovunner ass déi vun engem Schoulungsgaart.
De Minister Romain Schneider gesäit den Urspronk vun där ganzer Initiativ an der Landwirtschaft an dem Gaardebau. Et kéint een zum Beispill Virreider ginn, am Net-Gebrauch vu Pestiziden.
De Logo huet d'Asbl, d'Konzept steet, d'Selektiounskritären och an da wäert e kompetente Comité decidéieren, wéi eng Projeten eppes daachen. Um Samschdeg goufe schonn eng jett Propose gemaach, an dat däerf jiddereen, dee sech intresséiert
Wéi dat geet, steet op Luga2023.lu.