Nei Bourse soll Kënschtler finanziell a moralesch ënnerstëtzen
Reen an Héichwaasser sou wäit ee kucke kann: De 14. a 15.Juli wäerten déi meescht Lëtzebuerger wéinst de schlëmmen Iwwerschwemmungen an Erënnerung halen.
Eng vun de schwéier betraffene Regioune war de Gronn, wou och vill Kënschtler hiren Atelier hunn. Dorënner och d'Florence Hoffmann, där hiren Atelier an hirem Familljenhaus am Gronn ass.
Elo huet d'Oeuvre National de Secours Grand-Duchesse Charlotte, zesumme mat der Focuna, hir nei Bourse „Re-stART" an d'Liewe geruff. Wéi den Numm et scho seet, soll dës de Kënschtler hëllefen, sech rëm an d'Aarbecht ze lancéieren. Dem Direkter vun der Oeuvre no géif et awer net nëmmen ëm de finanziellen, mä och ëm de moralesche Support goen.
D'Konditioune sinn, dass een haaptberufflech Kënschtler ass, zu Lëtzebuerg wunnt oder e Lien zum Land huet an e materielle Schued wéinst dem Héichwaasser opweise kann. D'Hëllefe si plafonéiert bei 25.000 Euro pro Kënschtler. Dat wier awer kee Forfait-Betrag, sou den Emile Lutgen, Direkter vun der Oeuvre. Villméi géif de genaue Montant vum jeeweilege Kënschtler senger Situatioun ofhänken.
Bis e Méindeg hate sech scho 5 Kënschtler gemellt. Et kann een nach bis den 20.September säin Dossier online erareechen.
Méi Informatioune ginn et hei.