Eng Blumm ouni Numm doheem bei der brittescher Ambassadrice
Wann d’Gaardenausstellung LUGA gréisstendeels op ëffentlech Plazen invitéiert, gëtt et an der Stad awer ee Site, deen elo just eemol op war, fir de Public.
Et konnt een nämlech hannert d’Mauere vum Doheem vun der Britescher Botschafterin luusse goen, an e Gaart, dee méi wéi engem e Rätsel ass.
Et bléist nawell ferm, hei uewen um Boulevard Roosevelt, op der Grenz mat der Aler Bréck. Iwwert dem Péitrussdall, op de Mauere vun der Festung: e Gaart, deen ee soss net gesäit, well hei wunnt nämlech d’Ambassadrice vu Groussbritannien. D’Iddi hiert Doheem, am Kader vun der LUGA, fir déi "normal Stierflech" opzemaachen, hat hir Virgängerin. Mee kee Problem fir dës Madamm, déi eréischt zënter Abrëll am fréieren Haus vum Industrielle François Majerus hir Adress huet.
Joanne Olivier, British Ambassador to Luxembourg: "Et geet drëm d’Leit fir Ëmweltfroen a Biodiversitéit ze sensibiliséieren, dofir hu mir d’Diere vun eisem wonnerschéine Gaart opgemaach. Ech sinn zwar nei hei am Land, mee ech si frou iwwer dës Initiative…et ass wierklech eng ganz speziell Plaz, esou verstoppt wéi dee Gaart hei ass, hannert dem Gebai vun der Ambassade.”