Header Background
Zeréck

Agent pédagogique an éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80% (m/f)

Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Online säit29.05.2026
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp d'Haus 12 zu Miersch:

engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Är Aufgaben:

Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Äre Profil:

Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen dem gesichte Profil entsprëcht,
Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)
Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
Dir hutt de Führerschäin (B)
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel

Mir bidden:

Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 laut Diplom)
Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Virgeschloene Kontrakt:
Unzuel vu Plazen :1
Typ vum Kontrakt:CDI
Plaz vun der Schaff : MERSCH
Stonne pro Woch : 32 h
Verlaangte Profil:
Führerschäin :B
Verlaangte Sproochen : Luxembourgish - B
French - B
German - B
Kontakt :
  • 12,Rue Hermann Gmeiner
    L-7534Mersch
Wou kann een sech mellen :
Back to Top
CIM LOGO