Nina Mambour wëll aktuellen Themen op de Grond goen
D'Nina Mambour probéiert mat hirer hyperrealistescher Duerstellungsweis net just dem "Typus Fra", mee och aktuellen Themen op de Grond ze goen.
Scho fir d’véierte Kéier weist déi Schwäizer Grafikerin a Kënschtlerin mat lëtzebuergeschen Wuerzelen hiert Wierk an der Galerie Clairefontaine an der Stad. "Es dämmert!"
Der Nina Mambourg hir groussformateg Uelegwierker bestinn ouni Ausnam aus Fraeportraiten. Dass dës Frae sech all immens ähnlech sinn, geschitt ganz bewosst. Et geet der Kënschtlerin haut net méi dorëms Individuen duerzestellen, ma vill méi sinn d'Fraen als Figuren ze gesinn, déi Seenen a Situatiounen duerstellen, mat deene si de Betruechter konfrontéiere wëll.
D'Biller erënneren an hirer Molweis un déi sougenannten "Nei Sachlechkeet" an de "Magesche Realismus" vun den 20-er an 30-er Joren. Wéi an enger Pos ugewuerzelt stinn d'Figuren a schaarf ofgegrenzte Forme viru surreal wierkende Kulissen.
Hir Aussoen verstäerkt d’Nina Mambourg mat ville klengen, scheinbar niewesächlechen Detailer. Während hirem Studium hat si sech intensiv mat Ikonographie, also der Deitung vu Symboler an Attributer an der Konscht befaasst.