Nei um Bichermaart"A wann...?" vun der Jil Winandy

RTL Lëtzebuerg
D'Geschicht vum Fuuss a vum Schleek
© Kremart Edition

De Fuuss huet net genuch Plaz a sengem Bau. Do begéint en dem Schleek, dee säi klengt Haus iwwerall matschleeft. Zesumme maachen déi zwee en Tour duerch de Bësch an iwwer d’Gewan. Dobäi gesäit de Fuuss, wéi gutt kleng a grouss, lues a séier, ängschtlech a geféierlech Déiere sech zesummen ameséieren a léiert dobäi, datt hie kee Grond huet, d’Flemm ze hunn.

“A wann …?” erzielt d’Geschicht vun Uspréch, déi wuel jiddereen u sech selwer huet. Virun allem awer weist hei de lëschtege Schleek dem traurege Fuuss, datt en am Fong alles huet, wat e brauch.

Jil Winandy: A wann …? D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek Hardcover, Format 290 x 225 mm, ISBN 978-2-919781-32-4, 32 Säiten, 18 Euro

Back to Top
CIM LOGO