D'Mumm Séiss, de Rénert, de Feierwon oder d'Heemecht. Och wien sech soss wéineg fir Lëtzebuerger Literatur interesséiert, misst domat eppes ufänke kënnen. An och mat de respektiven Auteuren: Dem Edmond de la Fontaine, besser bekannt als Dicks, dem Michel Rodange an dem Michel Lentz. Mä wéi stoungen déi 3 zueneen? Hunn si sech kannt, een dem anere seng Texter gelies an hunn si sech iere géigesäiteg beaflosst? Der Fro ass de Roger Muller an engem Buch nogaangen, dat Ugangs Februar am CNL virgestallt gouf. D'Bea Kneip war dobäi.

"Dicks-Rodange-Lentz"

"Dicks-Rodange-Lentz Die Geschichte ihrer literarischen Beziehungen" vum Roger Muller ass beim Lëtzebuerger Literaturarchiv CNL erauskomm. Dee kuerzen Extrait aus dem Renert den de Steve Karier virdru virgelies huet, kënnt iwwregens vun der CD "Renert" déi een och beim CNL ze kafe kritt.

RTL

© CNL